Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Ablécklech WikiProjeten: Kënschtlerbiographien a Leit op Stroosseschëlter.

Artikel vun der Woch

D'Doudeg Fra ass eng Plaz am Gréngewald, um ëstleche Wupp vun der Gemeng Walfer. Se läit op enger Héicht vun zirka 407 m, ongeféier 750 m nordwestlech vum Stafelter an 350 m. südëstlech vun deem Punkt wou den CR125 op den CR126 stéisst.

Den Urspronk vum Lieu-dit ass net eendeiteg gekläert: Enger Theorie no kéint et sech ëm eng Kultplaz aus prehistorescher Zäit handelen, an der Géigend vu Quellen a Pëtzer, laanscht e Kiem, deen op virkeltesch Urspréng zeréckgeet, a wou der Traditioun no Äscht geaffert goufen. D'Grouss Mamm, als Gëttin vun der Fruchtbarkeet, kéint als Doudefra, d. h. als Wiechterin vun den Doudegen an hirem Schouss, do veréiert gi sinn.

Eng aner Deitung seet, datt mat der Doudeger Fra d'Elisabeth vu Görlitz gemengt wier. Si hat d'Herzogtum Lëtzebuerg 1409 vun hirem Monnonk, dem Sigismund, als Pand kritt, huet dat awer, well se selwe verschëlt war, un de Philippe II. vun der Bourgogne misse verkafen. Dëst wier 1441 am Gréngewald geschitt, woubäi d'Elisabeth nom Verkaf gesot soll hunn: "Lo sinn ech eng doudeg Fra" (am Sënn vun fir näischt méi ze gebrauchen) ... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn, datt…

  • … d'Stroossbuerger Eeden déi eelst Charte ass, déi d'Trennung vum haitege frankophonen a germanophone Sproochraum bezeit?
  • … d'Lokomotiv CFL 5519 déi eenzeg Dampmaschinn vun den CFL ass, déi nach besteet?
  • Uhuen a Gefaangenschaft bis zu 60 Joer al kënne ginn?
Archiv

Op engem 5. Mee

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... de 5. Mee...soss en Dag2025
Archiv

Kierzlech Verstuerwen

Franciscus
Franciscus
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

… d'Insel am Bleder Séi zu Bled, a Slowenien.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen