De Vëlodukt vun Esch-Uelzecht op de Belval ass eng Bréck fir Foussgänger a Vëlosfuerer, déi zur Vëlospist PC8 gehéiert an am Dezember 2022 opgaangen ass. Se geet zu Esch am Quartier Uecht, An der Schmelz fort, leeft iwwer den Terrain vun ArcelorMittal a kënnt um Belval bei der Avenue des Sidérurgistes eraus. Mat hire ronn 1500 Meter (dovun der 300 fir d'Rampen) gëlt s'als déi längst Vëlosbréck an Europa.
D'Streck ass a fënnef Lousen agedeelt. Deen éischte féiert laanscht d'Strooss, geet dann am Beräich deen "Allee" genannt gëtt, an enger Pente vu 5 %, biergop bis op déi eigentlech Bréck. Deen Deel, "Promenade" a "Schmez" genannt, läit op metalle Peiler, op enger Héicht vu 7,5 m, parallel mat de Schinne vun der Wierksbunn. Déi nërdlech Säit, a roudelzeger Faarf gehalen, ass fir Vëlosfuerer, déi südlech, déi moschtergiel ass, ass fir Foussgänger.
… d'Arkade vun der Haaptwuecht, engem Gebai aus der Festungszäit dat op der Plëss stoung, wéi et 1902 ofgerappt gouf, an de Parc Heintz zu Hollerech geplënnert goufen?