Op den Inhalt sprangen

Klaus Kinski

Vu Wikipedia
Klaus Kinski
Gebuertsnumm Klaus Günter Karl Nakszynski
Gebuer 18. Oktober 1926
Sopot
Gestuerwen 23. November 1991
Lagunitas-Forest Knolls
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur
Gielercher Commandeur des Arts et des Lettres‎
Famill
Liewenspartner(in) Debora Caprioglio
Kanner Pola Kinski, Nastassja Kinski, Nikolai Kinski

De Klaus Kinski, gebuer den 18. Oktober 1926 zu Zoppot (haut: Sopot a Polen) als Nikolaus Günther Nakszynski, a gestuerwen den 23. November 1991 zu Lagunita a Kalifornien, war en däitsche Schauspiller a Filmregisseur.

E gouf duerch seng Recitale vum François Villon a vum Rimbaud bekannt. En ass besonnesch duerch seng Optrëtter, bei deenen hien aus dem Neien Testament gelies a gespillt huet, opgefall.

De groussen Duerchbroch koum mat den däitschen Edgar-Wallace-Filmer.

An den Italowestern huet hie mat Virléift de brutale Béise gespillt; do sief haaptsächlech emol Il grande silenzio ernimmt.

Seng bescht a schéinst Rollen huet e beim Werner Herzog gespillt. De Kinski an den Herzog hu sech zerstridden, gehaasst an hunn awer ëmmer erëm zesummegeschafft a Filmer wéi Aguirre, der Zorn Gottes oder Fitzcarraldo gemaach. Iwwer hiert Verhältnes huet den Herzog souguer en Dokumentarfilm gedréint: Mein liebster Feind.

Hien ass de Papp vun der Pola, der Nastassja an dem Nikolai Kinski.

als Schauspiller

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1948 bis 1959

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979

[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1989: Kinski Paganini

als Dréibuchauteur

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1989: Kinski Paganini
Commons: Klaus Kinski – Biller, Videoen oder Audiodateien